Luxstream Video Productions

Informatiounen Erliewen

Zesummen erziele mir äer Story a produzéiren de Video dee bei Iech passt. Mir sin äre Partner fir eng erfollegräich Digital Visibilitéit déi Mënschen beweegt.

Luxstream.lu

Video Produktioun op Mooss

Videoen schaafen Opmierksamkeet a Vertrauen. Eis Equipe steet Iech zur Säit bei der Konzeptioun vun ärer digitaler Strategie a produzéiert de richtegen Contenu fir äer Zielgrupp.

Äre Video. Eis Konzepter

Mir bidde Gemengen, Associatiounen a klengen- a mettelstännege Betriber eng Panoplie vu Servicer am Beräich Video un. Zesummen wiele mer dat Konzept wat am beschten zu Iech an ärem Projet passt a berooden Iech a Saachen Marketing an Distributioun.

Live Event
Mir produzéieren kleng a grouss Live Streams mat bis zu 4 verschiddenen Kameraen an enger passender Luucht- an Toun Installatioun.
Gemengerot
Mir si spezialiséiert op d’Filmen vu Gemengeréit déi mat 3 verschiddenen Kameraen an Mikroen fir all Member enregistréiert ginn.
Konferenzen
Mir plangen a filmen är Konferenz mat bis zu 10 Speakeren + Public a kënnen dës op Wonsch live iwwerdroen.
Image Film
Mir produzéieren Image Filmer fir Kleng a Mëttelstänneg Betrieber, Gemengen an Associatiounen. Mir berooden Iech bei der Konzeptioun a bidden Iech eng competitiv Offer un.

Eis Servicer fir Gemengen

Mir bidde Servicer un déi speziell fir Gemengen entwéckelt goufen an d’Kommunikatioun mat de Bierger an de Mëttelpunkt stellen. Nieft Live Veranstaltungen an Q&A Seancen mat de Gemengeresponabelen bidde mir den Enregistrement oder Livestream vun de Sëtzungen vum Gemengerot un.

Innovativ an Transparent kommunizéiert

Mir droen zur Digitalisatioun vun de Gemengen bäi a ginn mat Iech nei an innovativ Weeër an der Kommuniktatioun mat äre Bierger.

ChamberTV fir déi lokal Politik

Live Broadcast oder On-Demand
Mir streamen äre Gemengerot live oder huelen d’Sëtzung konventionell op.
Pro Equipment fir Top Qualitéit
Mir benotzen Konferenzmikroen an performant 4K Kameraen.

Direkten Dialog tëschent Bierger a Politik

Mir iwwerdroen är Biergerversammlung live op Youtube wou d’Spectateuren de Gemengeresponsabel direkt hir Froe kënne stellen

En direkten Drot duerch modern Kommunikatioun

Fir all Mënsch accessibel
En Event un deem jidfereen deelhuele kann, ouni limitten oder contrainten.
Présentatiounen, Tables rondes a méi
Mir liwweren en innovativen Medium deen den Dialog an de Mëttelpunkt stellt.

Digital Zukunftsinvestitioun

Mir stinn Iech zur Säit bei der digitaler Transformatioun vun ärer Gemengeninfrastruktur am Beräich Toun a Video an conseilleieren d’Gemengen bei techneschen Froen ronderem d’Equipement vum Gemengerotssall.

Digital Innovatioun mat der Technik vu muer

Berodung an neien Technologien
Mir berooden Iech bei Froen zur Uschaafung vu Kameraequipement an Touninstallatiounen
Extern Regie fir är Gemengerotssëtzung
Mir schaffen u Solutiounen fir d’Regie a Kamerakontroll an externen Studioen fir Iech ze bedreiwen.

Client Feedback

SIT Echternach