https://www.youtube.com/watch?v=jbwzVitBSHk
LUXSTREAM VIDEO PRODUCTIONS

Informatiounen erliewen.

 

Zesummen erziele mir äer Story a produzéiren de Video dee bei Iech passt. Mir sin äre Partner fir eng erfollegräich Digital Visibilitéit déi Mënschen beweegt.

Méi Informatiounen

Full-Service Video Produktioun op Mooss

LIVE EVENT

Mir produzéieren kleng a grouss Live Streams mat bis zu 4 verschiddenen Kameraen an enger passender Luucht- an Toun Installatioun.

KONFERENZEN

Mir plangen a filmen är Konferenz mat bis zu 10 Speakeren + Public a kënnen dës op Wonsch live iwwerdroen.

GEMENGEROT

Mir si spezialiséiert op d’Filmen vu Gemengeréit déi mat 3 verschiddenen Kameraen an Mikroen fir all Member enregistréiert ginn.

IMAGE FILM

Mir produzéieren Image Filmer fir Kleng a Mëttelstänneg Betrieber, Gemengen an Associatiounen. Mir berooden Iech bei der Konzeptioun a bidden Iech eng competitiv Offer un.

Luxstream.LU SERVICES

VIDEO PRODUKTIOUNEN

FIR GEMENGEN

Play Video

Kuckt Iech eise Video un

Eis Video Konzepter fir Är Gemeng

Biergerforum LIVE

An Zaiten vum Social Distancing iwwerdréit Luxstream äer Biergerversammlung op Youtube oder Facebook fir äre Bierger en interaktiven LIVE Event am direkte Kontakt mat der Politik z’erméiglechen.

Gemengerot TV

Mir filmen äer Gemengerotssëtzungen  a stellen den Video an integraler oder gekierzter Versioun op den Internetsite vun der Gemeng oder ären Youtube Channel.

Nationalfeierdag 2021

Fir Nationalfeierdag filme mir d’Usprooch vum Buergermeeschter souwéi Andréck aus der Gemeng an den Feierlechkeeten vum Virowend. De Video gëtt den 23. Juni publizéiert.

Elo déi néi Brochure fir Gemengen ufroen!

Mir schécken Iech de PDF mat Erklärungen an Détailer zu eise verschiddenen Offeren direkt per Email.

    Fir d'Präsentatioun vun eisen Activiteiten hu mir als Syndicat d'Initiative vun Iechternach mat Luxstream en audiovisuellen Projet op Been gesat krut deen sech weisen léisst. Un Engagement an Ideen huet et net gefeelt a mir sinn zu all Moment kompetent an effikass beroden ginn. Keen Effort war ze vill, an daat Ganzt an engem agreabelen Austausch. Mir freeën eis op den nächsten Projet!

    Mike Leitz
    President SIT Echternach
    Case Study:

    Assemblée Générale vum SIT Echternach

    Fir den Syndicat d'Intérêt Iechternach huet Luxstream en 5min Video produzéiert an deem verschidden Memberen d'Aarbeschten um Iechternacher Camping Site erklären souwéi d'Renovatiounen an den mettelalterlechen Tierm. Am Tourist Bureau gouf dann de Point gema iwwert déi schwiereg Saison 2020 an waat d'Touristen an der néier Saison alles erwarden kënnen.

    Nieft dem Video huet Luxstream och d’Assemblée générale an engem éischten Deel iwwert Zoom iwwerdroen an dann fir den ganzen Public en Livestream op Youtube produzéiert.

    Rezent Produktiounen

    Gemengerot TV

    Gemengerotssëtzung vun der Gemeng Iechternach

    Biergerforum LIVE!

    D'Stad Iechternach huet zesummen mat Luxstream hieren Biergerforum live op Youtube iwwerdroen.

    Summer Interview

    Den Summer 2020 Interview mam deemolegen CSV President Frank Engel

    Concert Estro Armonico

    E klasseschen Concert, gefilmt an Zesummenaarbescht mat Sound Delight an der Protestantescher Kierch an der Stad.

    Eng Iddi fir en Video Projet?

    Kontakt